——

Access Bars
D’Acces Bars sinn eng douce energetesch Method, déi mat 32 Energie-Rigelen, déi ëm an duerch de Kapp lafen, schafft. Entwéckelt goufen d’Access Bars vum Gary Douglas Ufank der 90er Joren.

—–
D’Access Bars sinn eng douce energetesch Method, déi mat 32 Energie-Rigelen, déi ëm an duerch de Kapp lafen, schafft. Entwéckelt goufen d’Access Bars vum Gary Douglas Ufank der 90er Joren. D’Bars-Punkten entsprieche verschiddene Liewensberäicher an –aspekter. Dozou gehéiere Beräicher wéi Geld, Alteren, Kierper, Sexualitéit, Freed, Trauer, Heelung, Kreativitéit, Warnehmung, Kontroll a vill anerer.
Wärend der Behandlung beréiert de Practitioner dës Punkten douce, fir de Client vun der elektromagnéitescher Luedung vu Gedanken, Iddien, Astellungen, Entscheedungen an Iwwerzeegungen, déi en a bestëmmte Liewensberäicher ageschränkt hunn, ze befreien.
Wéi funktionéiert dat?
Stell dir fir, et kéint een e Knäppchen an dengem Kapp drécken, déi d’Stëmm an dengem Kapp verstomme léisst, déi dir seet, dass du net genuch bass an, dass du net dat areeche kanns, vu wat s du dreems. Vill vun denge Begrenzungen hues du duerch deng Gedanken, Iddien, Entscheedungen, Astellungen an Iwwerzeegungen hues du selwer geschaf. Duerch d’Beréiere vun de Bars-Punkten an der Energie déi doduerch fléisst, léist een alles dat, wat dech dovun ofgehalen huet däi Liewen esou ze féieren, wéi s du dir et wënschs.
Dat Element, wat massgebend bei enger Sëtzung ass a wat däi Liewe ka veränneren, ass d’Element vum Empfänken. D’Erléiere vum Empfänken ass de Schlëssel, fir méi dovun an däi Liewen anzelueden, ëm wat s du gebueden hues.