——

Animal Communication
D’Déierekommunikatioun ass e Wee fir telepathesch mam Déier ze kommunizéieren. Si bitt eis d’Méiglechkeet an d’Gedanken- a Gefillswelt vum Déier anzedauchen an et esou besser verstoen ze kënnen.

—–
Hues du eng bestëmmte Fro un däin Déier oder ass et kierperlech oder psychesch krank respektiv weist et opfällegt Verhalen, wéi zum Beispill: Aggressiivt Verhalen (Fauchen, krazen, pëtzen, ausschloen, …) emotionale Stress a verschiddene Situatiounen, Angschtzoustänn,…?
Da kann Déierekommunikatioun a Verbindung Déierenheelung hëllefen ze verstoe wat als Thema oder Grond hannert der Krankheet oder dem Verhale stécht a Blockade léisen, fir esou dem Déier säin Energiefloss erëm an d’Gläichgewiicht ze bréngen.
D’Déier mécht am Laf vu sengem Liewen seng eegen Erfarungen déi et prägen, mee et huet awer och eng speziell Aufgab bäi sengem Proprietär. Du hues vläicht schonn emol gesot: Ech hu mäin Déier net ausgesicht, mee et huet mech erausgesicht, respektiv ass et ganz onerwaart bei dech gestouss. Eis Déieren si bei eis fir eis ze weise wat an eisem Ënneren net am Equiliber ass. Si sinn de Spigel vun eiser Séil an hir Wierder a Botschafte kënnen eis déif Erkenntnisser iwwert eis selwer ginn an eis esou Heelung bréngen.
Indigen Naturvëlker ware schonn dovunner iwwerzeegt, dass alles “beséilt” ass. Esou ass et och bei den Déieren. D’Séil ass en Energiefeld mat deem een sech verbanne kann an esou Blockade ka léisen. Dobäi wenden ech verschidden energetesch Techniken un (Bodyscan, Deblockéiere an Aktivéiere vu Chakren, Aura Clearing, Ahnenheilung, Ritualer, Befreiung vu karmesche Verstréckungen a Glawenssätz, Schaffe mam Kraaftdéier,…) fir d’Energie vum Déier ze harmoniséieren, seng Selbstheelungskräfte unzereegen a säi Wuelbefannen ze verbesseren. Wann d’Energie erëm fräi fléisse kann, da sprécht de Kierper an d’Organer och besser op medikamentéis Behandlungen un. Als qualifizéierten Tierheilpraktiker kann ech d‘Déier zousätzlech kierperlech a psychesch ënnerstëtzen duerch: Ernärungsberodung, Austeste vu Bachbléien, myko- oder phytotherapeutesch Ernärungszousätz.
Ech maachen all meng Kommunikatiounen an Heelungsseance op Distanz. Ech brauch dofir eng Foto, den Numm, den Alter vum Déier an eventuell Froen déi s du un et hues. Ech schécken dir d’Resultater vun de Seancen als Sproochnoriicht iwwer WhatsApp, esou hues du d’Méiglechkeet ëmmer nees dorop zeréckzegräifen.
Op Ufro maachen ech och eng Kommunikatioun mat engem verstuerwenen Déier.
Déierekommunikatioun a Déierenheelung ersetzt a kenger Weis eng Ënnersichung, d’Diagnos an d’Behandlung duerch e Veterinär!