——

Energy Session

Energetic Healing an Energy Healing


—–

Energetic Healing an Energy Healing – Eng energetesch Behandlung ass eng ganz individuell Ugeleeënheet, well däin Energiefeld (Aura) esou eenzegaarteg an onverwiesselbar wéi e Fangerofdrock ass.  Deng Aura ass a stänneger Resonanz mat senger Ëmwelt a kann doduerch Gefiller, Gedanken, awer och Disharmonien a Blockade späicheren. Wärend esou enger Behandlung féieren ech e Gespréich mat denger Séil a verbanne mech mat dengem Energiefeld, fir eraus ze fannen, wou d’Ursaache vun denge Blockade leien, déi dech dovun ofhalen, vollkommen an däi Liewensflow ze kommen.

Da kann eng energetesch Behandlung dobäi hëllefen:

  • D’Ursaache vun dësen negativen Zoustänn opzeschlësselen
  • Den Energiesystem erëm an d’Gläichgewiicht ze bréngen
  • Dech ze äerden
  • Kierper a Geescht ze berouegen
  • Deng Emotiounen auszegläichen
  • Deng Eegewahrnehmung positiv ze beaflossen
  • Däi Selbstwäertgefill ze verbesseren
  • Däi Vertrauen an d’Liewen ze stäerken
  • Kloer ze kommunizéieren
  • Deng Selbstheelungskraaft ze aktivéieren
  • Dech nees mat denger Intuitioun ze verbannen
  • Däi Gemitt ze erhellen
  • Deng Liewensqualitéit ze verbesseren

A menger Aarbecht mat dengem Energiefeld connectéiere ech mech duerch däi Krounechakra (7. Energiekierper, dee just iwwer dem Kapp leit) a ginn  dann all déi aner Chakren duerch. Dobäi loosse mech da leeden a kucken da wéi eng verschidden energetesch Techniken deng Séil brauch, fir an d’Heelung ze kommen.
Wärend der Seance läis du gemittlech op enger Massagebrëtsch a muss näischt anescht maache wéi einfach do sinn☺ Alles wat ech „gesinn, héieren“, léisen an aktivéieren, schreiwen ech op, sou dass ech dir bei der Nosbespriechung en detailléierte Rapport ka maachen.