Ethikcode

  • Ech behandelen all Séil, op Mënsch oder Déier, mat Respekt an huelen si do of wou se grad steet.
  • Ech begleede meng Clientë mat Léift a Responsabilitéit.
  • Ech gi mäi Bescht, Mënsch an Déier an hirem Prozess individuell ze begleeden.
  • Ech bidden e séchere Kader, an deem alles wat beschwat gëtt a geschitt vertraulech behandelt gëtt (Schweigeflicht).
  • Ech erlabe mir et e Virgespréich mam Client ze maachen, fir esou ze kucken op d’Zesummenaarbecht fir béid Säite passt.
  • Ech huele just Kontakt mat der Séil vun enger Persoun op déi mech dorëms freet.
  • Ech huele just Kontakt mat der Séil vun engem Déier op, wann ech den Optrag vu sengem Mënsch kréien.
  • Meng Energetesch Behandlungen a mäi Coaching ersetze kee Besuch beim Dokter, Psychotherapeut oder Veterinär.
  • Ech stelle keng Diagnosen a maache keng Heelverspriechen.
reconnect-yourself-catalina kirsch
reconnect-yourself-catalina kirsch