

Energy Healing
Animal Communication
Coaching

——–
Mäi Konzept
Mäi Konzept baut op der Verbonnenheet vum Mënsch mat sech selwer, mat senger Ëmwelt a mam grousse Ganzen op. Ech gesinn et als meng Missioun de Mënsch duerch meng Offeren dës Verbonnenheet erëm spieren ze loossen an him Tools mat op de Wee ze gi, fir an dëser Verbonnenheet ze bleiwen. Duerch mäin eegene Wee hunn ech gemierkt wéi wichteg dës Connectioun ass fir eis mental a physesch Gesondheet an awer och fir eis ganzt Wuelbefannen. Wa mir verbonne sinn, si mir am Flow, eis ginn d’Saachen einfach vun der Hand a mir wësse wou eise Wee soll higoen.
——-

——-
Verbonne sinn heescht fir mech:
- Seng ënnerlech Stëmm wouer ze huelen an op seng Intuitioun ze vertrauen
- Geäert a bäi sech ze sinn
- Lassloosse kënnen
- am Present ze liewen
- wëssen, wat ee sech selwer Wäert ass a sech gär ze hunn
- sech vum Liewen droen ze loossen
- Liichtegkeet op allen Niveaue vu sengem Liewen ze spieren
- en Déift Vertrauen ze hunn, dass alles gutt ass a gëtt
- Seng Selbstheelunsgkräfte aktivéieren ze kënnen
- Säin eegene Wee ze goen, an dat ze maache wat een erfëllt

——–
Oft gëtt eis Verbonnenheet duerch eise Liewensstil an eis Gedankegäng ënnerdréckt oder gestéiert, wat sech dann och onwidderrufflech op eis Balance vu Kierper a Geescht auswierkt. Dës kann da folgend negativ Zoustänn erbäiféieren:
- Erschëpfung a Middegkeet
- Verspanungen
- Emotional Onausgeglachenheet (Nostalgie, Mannerwäertegkeetsgefill, Scholdgefiller, Jalousie…)
- Schlofstéierungen
- Zwäng a Verhalensstéierungen (Zwang sech d’Hänn ze wäschen, Iessstéierungen…)
- Angschtzoustänn (Verloschtängscht, Existenzängscht, Panik, Ängscht virun Déieren, Situatiounen oder Objeten…)
- Depressiounen oder depressive Verstëmmungen
- Krankheeten (akut a chronesch)

——-
Eng gutt Noriicht ass awer, dass mir ni komplett deconnectéiert sinn, esou gesinn d’Lakota e Stamm vun de Native Americans dat och: “Mitakuye Oyasin” – mir sinn all verbonnen; mir sinn all matenee verwannt. Dëst ass d’Weltusiicht gëtt net nëmme vun de Lakota Natives vertrueden, mee och vu villen aneren Urvëlker. Et ass den Ausdrock vun der Harmonie mat allen Elementer a Liewensformen: Mënschen, Déieren, Planzen a Mineralien an dem Schöpferuniversum. An dëser Iddi gëtt eng keng Hierarchie, mee en hellege Krees, deem seng Energie just a Balance ass, wann alles am Respekt an der Léift matenee verbonnen ass.
Dës Wieder sollen eis awer och an d’Bewosstsi ruffen, dass mir en Deel vum grousse Ganze sinn a jiddereen zum Wuelbefanne vun der Ganzheet bäidréit. Wann ech mech also gutt ëm mech këmmeren, droen ech zum Wuelbefanne vun der Mënschheet an Äerd bäi.