—–

Massage of the 5 continents

D’Massage vun de 5 Kontinenter vereent verschidde Massagetechniken aus ënnerschiddleche Kulturen
a mat verschidden Originnen: lomi lomi – kalifornesch -schwedesch – ayurvedesch – tuina.


—–

Dës Massage gëtt ofgerode wann:

  • Ee schwanger ass oder stëllt
  • Een Epileptiker ass
  • Een un enger hormonofhängeger Kriibserkrankung leit
  • Een et staark homeopathescht Traitement anhëlt
  • Hypersensibel ass
  • Manner wéi 6 Joer huet

Positiv Aspekter vun der Massage:

  • Detox
  • Lassloossen
  • Revitaliséierung
  • Reconnectioun 

D’Massage vun de 5 Kontinenter vereent verschidde Massagetechniken aus ënnerschiddleche Kulturen a mat verschidden Originnen: lomi lomi – kalifornesch -schwedesch – ayurvedesch – tuina.

Dës Massage verbënnt dat Kierperlecht mam energetesche System (Chakren a Meridianen) an deem Reiki a speziell Mëschunge vun äthereschen Ueleger ugewannt ginn. Dës Kombinatioun suergt dofir, dass d’Energie bannescht dem Kierper erëm fléisse kann an esou d‘Selbstheelungskraaft aktivéiert.

Wärend de verschiddene Phase vun der Massage ginn 2 ënnerschiddlech Mëschungen un äthereschem Ueleg benotzt. Den éischten Ueleg huet en Detox-Effekt op de Kierper. Den zweeten Ueleg wierkt entspanend, hëlleft dem Kierper a Geescht dobäi lasszeloossen, revitaliséiert a stimuléiert den Immunsystem.

Dës biodynamesch Massage fërdert esou de natierleche Prozess vun der Selbstheelung an hëlleft dem Zellegedächtnis gespäichert al Traumaen esou wéi Toxinen ze lasszeloossen an z’entlueden. Esou kënnen d’Solarplexus-Energie (Libido) vum Pleséier an d’Vitalkraaft (kundalini) erëm fräi fléissen a gi vun ënnen no uewe bis an den Häerzraum fräigesat. Dëst suergt dofir, dass d‘Vitalitéit gefërdert gëtt, an d‘Selbstwäertgefill gestäerkt gëtt, eng angeneem ënner Rou empfonnt gëtt an d‘Liewensfreed aktivéiert gëtt.

Deel mir w.e.g am Virfeld mat, ob s du Allergien op ätheresch Ueleger hutt. Virun der Massage w.e.g. net ze schwéier iessen.